Pol Kirsch steigt mat senger Ekipp an 3. Liga op
  30.04.2024


No engem ganz spannende Match géint den TSV Heiningen, deen auswäerts mat 24-26 gewonne ginn ass, konnt de Pol Kirsch mat der HG Schwetzingen/Oftersheim erem an déi 3. Liga opsteigen. Hien ass frou, dass seng Rees weidergeet, an e wäert och déi nächst 2 Joer säi Bescht gi fir säi Veräin an der 3. Liga ze ënnerstëtzen. Hien seet der Lëtzebuerger Arméi an dem LIHPS ee grousse Merci fir hier Ënnerstëtzung.