U20 Spiller Yann de Waha mam TV Kirchzell an d'3. Liga gestigen
  30.04.2024


Eisen U20 Spiller Yann de Waha dee säit der Saison 2023/2024 beim TV Kirchzell an der Oberliga Hessen spillt, ass mat senger Equipe de 27. Abrëll "Hessenmeister" ginn.

Domat hunn de Yann an seng Kollegen sech no enger Saison an der Oberliga schonns fréizäiteg den direkten Opstig an d'3. Liga geséchert.