Lëtzebuerger Nowuesstalent Fanou Ulmerich wënnt Däitschland-Cup an der B-Jugend
  27.12.2023


Vum 13.12 bis de 17.12 war zu Berlin de B-Jugend Däitschland-Cup gespillt ginn. Och de Fanou Ulmerich, aktuell an der Handballakademie vum VFL Gummersbach aktiv, war fir de Kader vum Verband Nordrhein-Süd nominéiert. Insgesamt 16 Landesverbänn hu mat hiere beschte Spiller deelgeholl.

 

Als Gruppenéischten konnt sech dem Fanou seng Ekipp fir d'Véirelsfinall géint Sachsen-Anhalt qualifizéieren, wou si 33-29 gewonn hunn. An der Halleffinall war et eng Victoire mat 29-25 géint den Handballverband Berlin. An der Finall huet sech den HV Nordrhein-Süd mat 25-23 géint de Bayerischen Handballverband duerchgesat, an sou den Däitschland-Cup gewonnen.

 

Mir gratuléieren dem Fanou Ulmerich fir dëse sportleche Succès.

 

Am Dezember a Januar ass hien elo bei der U18 vu Lëtzebuerg zu Lokeren (B) an a Polen (U18 EM Quali) am Asaz.

 

#roudeLéiwhuelse#handballassméi