D'Käerjenger Dammen am EHF-Cup géint BNTU BELAZ Minsk
  14.09.2018


Dëse Weekend sinn et d'Damme vu Käerjeng déi sech international presentéiere géint Minsk aus Wäissrussland. Dobäi ass et e Samschdeg um 18h00 den Aller Match wärend e Sonndeg um 17h00 de Retour och um Käerjenger Dribbel stattfënnt. Mir drécken eisem Vertrieder natierlech d'Daumen! #MirsinnHandball #Letsmakeithappen