D'FLH bei der IHF zu Basel op Besuch
  11.09.2018


Den 10. September ass d'FLH, vertruede vum Vizepresident Thierry Wagner a Generalsekretär Christian Schmitt, vum IHF President Dr. Hassan Moustafa empfaange ginn. Dobäi huet sech de President laang Zäit geholl fir sech d'Situatioun vum Handball zu Lëtzebuerg erklären ze loossen. Um Enn huet hien eis seng 100% Ënnerstëtzung garantéiert an d'IHF wäert an de nächste Méint Bäll a Goaler fir Veräiner a Schoulen zur Verfügung stellen.