Arbitter Stage am Domaine Thermal zu Mondorf 1/2 September)
  03.09.2018


Am flotte Kader vum Domaine Thermal zu Munneref waren ons Arbitter dëse Weekend vum 1.&2. September fir ee Stage zesumme komm. Eigentlech goung et jo schonns Freides owes um INS mat den Reegel- an Laftester lass. Samschdes moies hunn si sech dunn zu Munneref am Parc Hotel getraff. Divers Couren iwwert d’Reegelen, dem Arbitrage am allgemengen, awer och Teambuildingsaktivitéite waren iwwert de ganze Weekend geplangt. Selbstvertändlech hunn d’Arbitter no den ustrengende theoretesche Couren och vun deem engen oder aneren Aufguss an der Sauna, dem Thermalschwemm an de Fitnessinstallatiounen vum Domaine Thermal profitéiert. Alles an allem ee léierräiche Weekend an engem ganz flotte Kader, dëst fir mat beschte Viraussetzungen di nei Saison unzegoen.