Timur Dibirov, eng vun de beschte lénks Bande muer am Asaz an der Coque

  02.01.2018

Am Kader vum Qualifikatiouns Match géint Russland, ass muer (19:00 Auer) eng vun de beschte lénks Bande vun der Welt an der Coque ze gesinn.

 

Den Timur DIBIROV huet 34 Joer, ass 180 cm grouss a weit 74 kg.

Hie spillt momentan a Mazedonien beim HC Vardar (säit der Saison 2013/2014) an huet des Saison (bis elo) 38 Goaler an der Champions-League geschoss. D'lescht Saison huet hien mat Vardar d'Champions-League gewonnen (24 - 23 géint de PSG). An där Saison 2016/2017 kënnt hien op en Total vun 71 Goaler.2016/2017.

Virdrun huet hien a Russland bei Chekhovskie Medvedi gespillt, wou hien 2005/2006 d'EHF Cup Winners Cup gewonnen huet.

Fir Loscht op dëse Weltklassespiller ze maachen, hei e kleng Video vun engem vu senge spektakuläre Goaler : <link https: www.youtube.com>www.youtube.com/watch

oder schonns e wéineg méi wäit zeréck : <link https: www.youtube.com>www.youtube.com/watch


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)