Stage vun eiser Damme Nationalequipe
14.02.2018
Eis Damme Nationalequipe huet leschte Weekend (9. bis 11. Februar) zu Käerjeng um Dribbel gehat.
Nieft enger Analyse vun deene verschiddene Matcher a Stagen stoungen all Dag eng Trainingsseance vun 2 Stonnen um Programm bei deenen et drëms goung fir sech technesch an taktesch, an déi offensiv Spillzich ze verbesseren.
Trotz verschiddenen Absencen (duerch Blessuren oder berufflech Obligatiounen) waren déi eenzel Seance gutt besicht.