Och AXA-League Matcher bis de 14. November ofgesot
  24.10.2020


Nodeems sech weider Spiller vu verschiddene Veräiner mat COVID-Symptomer krankgemellt hunn, huet d´Lëtzebuerger Handballfederatioun d´Entscheedung getraff, de komplette Spillprogramm, och d´AXA-Leaguen, bis no der Lännermatchpaus vun 2 Wochen ofzesoen. An de nächsten Deeg setzt sech d´FLH zesumme fir mat de Veräiner d´Situatioun ze evaluéiere wéi et weidergeet. Et ass keng einfach Situatioun, d´Gesondheet geet awer fir. D´FLH wënscht iech all eng gutt Gesondheet!