EHF Cup Hären Round 3 : HC Bierchem géint SG INSIGNIS Handball Westwien
  25.11.2020


Haut war am Siège vun der EHF zu Wien d'Auslousung vum EHF Cup vun den Hären. De lëtzebuerger Vertrieder HC Bierchem kritt et mat der éisträichescher Ekipp vun SG INSIGNIS Handball Westwien ze dinn.

Der Auslousung no wär deen éischte Match zu Bierchem (Weekend 12/13. Dezember), de Retour wär dann eng Woch méi spéit zu Wien. Do muss een awer elo kucke wat déi verschidde Covid-19 Gesetzer dozou soen.