Dammen EURO2020 an Dänemark (Dag 14 – 20. Dezember)
20.12.2020
Match 3/4 Plaz
Kroatien - Dänemark 25 - 19 (Paus 11 - 11)
D'Iwwerraschungsekipp Kroatien wënnt Bronze, Dänemark gëtt 4.
Am internen Metz Handball Duell kann sech och d'Kroatin Camila Micijevic mat 3 Goaler géint hir Clubkomerodin Louise Katharina Burgaard aus Dänemark, 1 Goal, duerchsetzen.
Finall
Frankräich - Norwegen 20 - 22 (Paus 10 - 14)
Norwegen setzt sech zum Schluss mat 2 Goaler duerch. Cléopatre Darleux hat Frankräich an der 2. Hallschent nees zeréck an de Match bruecht (8/14 57%), mee d'Norwegerinnen konnten sech schlussendlech awer den Europameeschtertitel sécheren.
Am Video gesitt dir d'Highlights vun de Matcher
Kroatien – Dänemark https://vimeo.com/493071790/a43094f552
Frankräich – Norwegen https://vimeo.com/493100953/1d59650186
Dat war et fir d’Euro2020, an elo freeë mir eis op d’EHF Velux Final4 live op HandballTV. Reservéiert Iech elo schonns den 28. a 29. Dezember all Kéier ab 17:50 Auer