Dammen EURO2020 an Dänemark (Dag 13 – 18. Dezember)
19.12.2020
Match 5/6 Plaz
Russland - Holland 33 - 27 (Paus 18 13)
Däitlech Victoire fir Russland géint eng quasi inexistent Hollännesch Ekipp. Russland séchert sech déi 5. Plaz, Holland ass 6.
Fra vum Match Kalinina Viktoria : mat 16 Paraden (40%) - Debbie Bont vum Metz Handball mat 2 Goaler.
Hallef-Finallen
Frankräich - Kroatien 30 - 19 (Paus 15 - 5)
"Les Bleues" mat enger extreem staarker Leeschtung an der éischter Hallschent, loossen der Iwwerraschungsekipp aus Kroatien keng Spuer vun enger Chance an der 1. Halleffinall vum Owend. Si kënnen domadder e Sonndeg den Owend um 18:00 Auer hiren Titel verdeedegen (op EHFTv an op TF1).
Norwegen - Dänemark 27 - 24 (Paus 10 - 13)
Norwegen am Schlussspuert. Bis zur 51. Minutt war de Match ausgeglach. Mol war Dänemark vir, mol Norwegen. Awer dunn huet Norwegen den Turbo gezünd a si mat engem 4 - 0 fortgezunn. Dëse Retard konnt Dänemark net méi anhuelen. Domat hu mir e Sonndeg um 18:00 Auer eng Finall Frankräich - Norwegen (och op TF1).
Am Video gesitt dir d'Highlights vun de Matcher
Russland - Holland https://vimeo.com/492767115/4c518db5ea
Frankräich - Kroatien https://vimeo.com/492767090/8e92c76bc1
Norwegen - Dänemark https://vimeo.com/492767012/2860e68acb
Dir kënnt all d'Matcher (live an och am replay) op EHFTv.com gesinn, dir musst Iech just en "Account" ariichten (deen ass gratis).