Eis EHF Arbitter dëse Weekend erëm international am Asaz
  23.02.2021


D'EHF Koppel Linster-Rauchs war dëse Weekend op hirem 7. Europapokalmatch an dëser Saison ënnerwee. Si ware fir de Match tëschent dem Ungaresche Vertrieder Vaci NKSE an der Russescher Ekipp HC Zvezda nominéiert.

Dëse Match war déi lescht Ronn aus der Gruppephase vun der European League bei de Frae wou et fir déi Russesch Ekipp nach ëm d’Weiderkommen an d'KO-Phase gaangen ass. D’Russe konnten sech um Schluss och knapp an engem spannende Match mat 30-29 duerchsetzen an hunn sech fir d‘KO-Phase qualifizéiert, och well Herning-Ikast Handbold aus Dänemark géint Paräis 92 gewonnen huet.

Dëse Match war eng Bestätegung fir déi gutt Leeschtung vun eisen Arbitter am Januar an der European League bei de Fraen a Norwegen. Déi ganz sanitär Kris huet natierlech och e groussen Impakt op déi international Matcher déi e.a. ouni Zuschauer gespillt ginn. Et ass een dobäi vill am Hotelszëmmer a jiddereen ass och 4x innerhalb vun 3 Deeg getest ginn.

#handballassméi