Weider Victoire fir eis U18 géint Finnland a Georgien
  18.08.2018


D’Lëtzebuerger wollten vun Ufank un näischt ubrenne loossen an hunn Finnland viru grouss Problemer gestallt. Sou stoung et no 11’ 8-3. Garant fir dëse Virsprong war eng gutt Defense mat engem staarke Goalkeeper Hadrovic. Sou stoung et 18-12 an der Paus. De Bierchemer Guden, mat 9 Goaler beschte Spiller am Ugrëff, huet seng Matspiller matgerappt an sou konnten d’Spiller vum Trainer Adrian Stot um Enn eng kloer Victoire beim 33-26 feieren. Muer ass dann um 12h00 (Zäit Lëtzebuerg) de Match fir d’Platz 5 géint d’Färöer Inselen déi sech mat 32-30 géint Georgien duerchgesat hunn. www.2018tbilisi.com/schedule/ #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLeiwhuelse Mir wënschen dem Kenan Hadrovic, deen sech d’Handgelenk verstaucht huet, eng gutt Besserung!!!