We love Handball Dag an der Arena vun der Coque
15.11.2019
Dëse Sonndeg 17. November 2019 organiséiert d'FLH nees hiren traditionelle We love Handball Dag an der Arena vun der Coque um Kierchbierg.
Mueres um 10:30 Auer geet et lass mat engem Plateau fir U8 Spillerinnen a Spiller.
Ab 13:30 Auer fänkt den Turnéier fir U11 Mixte Equippen un.
De Schluss ass fir 16:45 Auer virgesinn.
Gratis Entrée
Weider Informatiounen iwwert de Jugendhandball zu Lëtzebuerg (U8 an U11) fannt dir op eiser Internetsäit www.welovehandball.lu. Hei fannt dir och d'Datumer a Fotoe vun eisen Organisatiounen.