🇱🇺 U18 Meedercher Selektioun um "Paris Elite Handball Cup" zu Paräis 🇫🇷

  06.01.2025

De Weekend vum 4. a 5. Januar huet eis 🇱🇺 U18 Meedercher Selektioun um "Paris Elite Handball Cup" zu Paräis 🇫🇷 deelgeholl.

 

An der Gruppephas hunn eis Meedercher géint d'Entente Béarn Féminin Handball (🇫🇷) mat 12 - 22 verluer, an och géint d'Entente Touraine CTHB (🇫🇷) gouf et eng Néierlag mat 20 -26.

 

An de Matcher fir d'Plaze 7 bis 9 sinn et och 2 Nidderlage ginn. De Match géint Room JAGS aus 🇦🇹 Éisträich ass mat 14 - 15 verluer gaang, an am leschte Match hunn eis Meedercher nees knapp mat 18 - 20 géint Biard Handball (🇫🇷) verluer.

 

Trotz gudder Leeschtung ass et leider net duer gaang fir bei dësem starken Turnéier ee Match ze wannen. Et war awer eng positiv Erfarung fir eis Ekipp, déi si sécherlech weider virubréngt.

 

#handballassméi