U16 Meedercher op de Paris World Games 2024
  09.07.2024


Eis FLH U16 Meedercher huelen aktuell un engem groussen internationale Sportsevent zu Paräis deel. Bei dëse World Games gëtt et net just Handball, mee och vill aner Sportaarten. Dësen Event ass fir Meedercher a Jongen, a gëtt och a verschiddenen Alterskategorie gespillt.

 

Beim éischte Match (gëschter) wannen eis Meedercher mat 38-13 géint die franséisch Ekipp vun Entente Roissy Ozoir. MVP vum Match war d'Anna Gustowska vun der FLH.

 

Deen zweete Match (haut) war géint eng aner franséisch Ekipp, Passamainty Handball Club, an och do gewannen eis Meedercher, dës Kéier méi knapp, mat 16 - 18 hunn si sech duerchgesat.