Trainerformatioun a Mini-Handball de leschte Weekend mam Carlos Prieto
  28.11.2023


E Samschdeg schonn hat den EHF-Referent an 3fachen Champions League-Gewënner Carlos Prieto en theoreteschen- a praktesche Virtrag gehalen op der Trainerausbildung (Kid's Coach an C-Lizenz), déi e Freideg ugaangen ass. Dobäi war et him wichteg, dass d'Trainer sech bewosst gi wat fir eng wichteg sozial Roll si am Liewe vun de Kanner spillen. E Sonndeg war den 1. Mini-Handball vun den U11-Ekippen dës Saison zu Diddeléng. Bal 180 Kanner vun 12 Veräiner hu mat vill Freed an Engagement um Mini-Handball deelgeholl. De Carlos Prieto huet an deem Kader verschidden Übunge fir d'Kanner virgefouert.

#handballassméi #AXALeague