Tirage EHF European League
  28.07.2020


Haut war den Tirage zu Wien am Siège vun der EHF. Den Handball Esch ass am 1. Tour géint Pfadi Winterthur aus der Schwäiz gefall.

Den éischte Match ass an der Schwäiz, an de Retour Match ass dann zu Esch. Den Aller gëtt gespillt de Weekend vum 29. an 30. August, de Retour ass dann eng Woch méi spéit (5. a 6. September)