Standard bei de Fraen a Bierchem bei de Männer Beachhandballchampion
  01.07.2024


E Samschdeg an e Sonndeg war den traditionelle Beachhandball, organiséiert vum HC Standard, um Stade Boy Konen  zu Zéisseng. Do si wéi all Joer och erëm d'Champion bei de Fraen a Männer ausgespillt ginn. No ville spanndende Matcher a virun allem vill Spaass hunn sech d'Ekippe vum HC Standard  an dem HC Bierchem duerchgesat. Mir gratuléieren all den Ekippe fir e flott Turnéier. #handballassméi