Stage vun den FLH-Arbitter de leschte Weekend zu Munneref
  01.09.2020


De Weekend vum 29. & 30. August waren ons Arbitter, genee wéi di lescht 2 Joer och schonns, fir hire Stage am Domaine Thermal zu Munneref. Fir optimal preparéiert an di nei Saison ze goe goufen an deenen zwee Deeg net manner wéi 10 Stonnen theoretesch Formatioun ofgehalen. Leider konnt aus aktuellen Ursaachen dëst Joer keen internationale Referent vun der EHF oder IHF engagéiert ginn. Ëmsou méi haten den Nesser Paul, Philippe Linster a Patrick Simonelli sech Méi ginn, fir hire Kolleegen eng helle Wull Informatiounen a Rotschléi fir di nei Saison mat op de Wee ze ginn.

Natierlech ass an dem wonnerschéine Kader vum Munnerefer Thermalbad och e bëssen Zäit fir Wellness a Sport reservéiert bliwwen. Och gouf Zäit nom Owendiesse genotzt, fir den Zesummenhalt vum Grupp an d’Frëndschaft ënnert den Arbitter ze stäerken. 

Am Numm vun der Refcom nach e spezielle Merci all deenen, déi mat hirem finanziellen Engagement de Stage an dësem flotte Kader iwwerhaapt erméiglecht hunn.  

Simonelli Patrick

#handballassméi #AXALeague #RefcomFLH