RIP John SCHEUREN

  25.05.2021

D’FLH huet déi traureg Noriicht kritt, dass de President vun der Red Boys, de John Scheuren, vun eis gaangen ass.

Den Handball Lëtzebuerg verléiert mam John vill ze fréi eng ganz grouss Perséinlechkeet.

Hien war iwwer Joerzéngte fir den Handball zu Déifferdeng a fir d’FLH engagéiert an hannerléisst e grousst Lach.

Mir drécke senger Famill, dem Handball Red Boys an all senge Frënn eist déifst Matgefill aus.


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)