Pol Nesser op der U18 Männer Europameeschterschaft am Asaz
  05.08.2022


Nieft diverse Jugendekippen an eisen IHF Arbitter Linster/Rauchs ass och de Pol Nesser fir d'EHF ënnerwee. Hie fungéiert als Delegéierten op der U18 Männer Europameeschterschaft am Montenegro. Hei op der Foto ass hie mam Beat Nagel, deen als EHF Dozent Enn August och op eis Arbitterformatioun zu Lëtzebuerg kënnt.