Néien Handballbuedem vun der FLH
D'FLH deelt mat, dass si vun der EHF e néien Handballterrain kritt huet. Dësen ass vu GERFLOR a war 2020 bei der Fraenhandballeuropameeschterschaft an Dänemark zu Kolding am Asatz. All d'Matcher an der Coque wäerten an Zukunft dorop gespillt ginn.
Mir soen der EHF a GERFLOR e grousse Merci an hoffen op vill spannend an erfollegräich Matcher op dësem Buedem!
#handballassméi #AXALeague