Mir sichen dech !
  27.12.2018


Mir sichen 2 Persounen déi sech wärend dem Quali-Turnéier fir d'Euro2022 an der Coque (11. bis 13. Januar) em déi auslännesch Equippe bekëmmeren.

Arrivée vun den Equippen : am Laf vum Donneschdeg. Schluss Sonndes Owes. Et besteet d'Méiglechkeet am Hotel vun den Equippen ze logéieren (an ze iessen). Hotel Légère zu Mënsbech (https://www.legere-hotels-online.com/luxembourg/fr/).

Wat ass deng Charge ? Ma eng Equippe komplett ze betreien an ze begleeden, a wann si e Problem oder Wonsch hunn, ze kucke fir dat ze léisen.

Wat muss du matbréngen. Loscht um Handball. Englesch schwätzen (oder Bulgaresch). An Zäit hunn.

D'Flh bezilt och e klengt Täschegeld.

Interesséiert. Oder nach Froen ? Da rufft un um FLH Büro 48 54 74 (tëschent 10:00 a 16:00 Auer)