Mëttwoch 8. September ab 18:55 Auer Livestream vum FLH Season Opening 2021

  05.09.2021

Dëse Mëttwoch 8. September 2021 kënnt dir um Livestream aus dem Hôtel Légère vu Mënsbech d’Soirée Season-Opening vun der FLH gesinn (mat den Ekippevirstellungen, mat villen Informatiounen iwwert de Lëtzebuerger Handball, a mat der Auslousung vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Fraen a Männer - 1/8 Finallen).

Ufank vun eiser Iwwerdroung ass um 18h55.

De Livestream empfänkt dir op www.flh-live.lu (Handball TV by AXA), op Apart TV am Reseau vun Eltrona, vun der Post (Kanal 82) an och by Orange TV an op www.apart-tv.com.