Men’s 20 EHF Championship 2024 am Kosovo (FIN-LUX 36-35)
Eis jonk Rout Léiwe verpasse ganz knapp d'Bronzemedail am 7Meter-Schéissen géint Finnland
No 60 Minutten stoung et 31-31 (Paus 10-14) an du koum et zum 7Meter-Schéissen. An hei haten d'Finnen déi méi glécklech "Äerm". Finnland wënnt schlussendlech mat 36-35.
Awer excellent Leeschtung, och wann et zum Schluss net sollt duergoen. Bravo Männer !
Als "Player of the Match" vun der EHF gouf op der Lëtzebuerger Säit eis Nummer 9, den Tidyan Meunier, gewielt.
#handballassméi #RoudeLéiwHuelSe