Men’s 18 EHF EURO 2024 Qualification Round a Polen
04.01.2024
Eis U18 Männernationalekipp spillt d'Qualifikatioun fir d'Euro2024 a Polen. Un dësem Turnéier huelen ausser eiser Ekipp, nach d'Ekippen aus Polen, Israel a Bosnien-Herzegovina deel.
Eis Jonge sinn de Muere vum Findel aus op Kopenhagen geflunn, vun do fléien si weider op Gdansk. Den Turnéier gëtt zu Wladyslawowo (+- 70 km) gespillt.
Den éischte Match ass e Freideg um 18:30 Auer géint Israel.
All d'Matcher kënnt dir op EHFTv gesinn (dir musst awer e gratis Account hun) ehftv.com/handball-live-stream/mens-18-ehf-euro/isr-vs-lux/31188
Mir wënschen dem André F., Bob M., Daniel G., Fanou U., Ivan G., Jules M., Lou F., Louis K., Mathis B., Oskar W., Pierre M., Rafael C., Raphaël B., Teo W., Tim N. bonne Chance fir hir 3 Matcher.
#handballassméi#roudeleiwhuelse