Medezineschen Handball-Kongress zu Paräis mat Lëtzebuerger Bedeelegung
  26.11.2018


2017 hat de Kongress zu Déifferdeng an der LUNEX stattfonnt an déi Franséisch Handball-Federatioun hat dëst Joer op Paräis invitéiert. De beschtbekannten Dr. Romain Seil, seit Mee 2018 och President vum GOTS (Gesellschaft für Orthopädisch-Traumatologische Sportmedizi ), huet als Thema d'Blessur vun de Kräizbänner am Elittesport mat néie Statistike presentéiert. De Jérôme Pauls huet e Workshop iwwer de Retour no enger Blessure am Sport geleet. Den Dr. Daniel Theisen an den Eric Besenius, déi d'Equipe vum LIH (Luxembourg Institut of Health) komplettéiert hunn, waren zu Paräis Member vum wëssenschaftleche Comité vum Kongress. Mir felicitéieren eise Kollege vun der LIH fir déi perfekt Organisatioun. Si ass zu engem groussen Deel nämlech vu Lëtzebuerg aus gefouert ginn. E puer Impressioune gesitt dir op de Fotoen. #MirsinnHandball #Letsmakeithappen