Matcher ausser AXA-League Dammen an Hären all ofgesot bis op weideres
  23.10.2020


Baséiert op d'Recommandatiounen vun der Regierung haut de Mëtteg, huet d'Lëtzebuerger Handball Federatioun decidéiert all Matcher an alle Kategorien, ausser der AXA-League Dammen an Hären, bis op Weideres ofzesoen.

Fir d'Matcher vun der AXA-League recommandéiert d'FLH ouni Zuschauer ze spillen. Et gëllt Maskepflicht!

All Equipe ass nach eng Kéier gebieden op den Handshake vir- respektiv nom Match ze verzichten.

D'Spiller sollen d'Halen esou séier ewéi méiglech nom Match verloossen, an eventuell doheem duschen..

Mir wëllen d'Press och aviséieren héchstens zu 4 a mat Mask um Pressedësch Platz ze huelen.

Och d’Fotographen mussen beim Terrain ëmmer eng Masque unhunn.

D’FLH seet Merci fir är Matarbecht

#AXALeague #handballassméi #ZesummegeintCovid