Maik Handschke a Schweden an dat zu Ystad a Kristianstad

  25.04.2018

Viru kuerzem war eise Sportdirekter zu Besuch a Schweden an dat zu Ystad a Kristianstad fir zesummen mam Robert Andersson a Jesper Larsson iwwert de schwedeschen Handballmodell ze diskutéieren. Interessant Conclusiounen déi an eise Modell Lëtzebuerg 24top24 sollen afléissen. Nieft der skandinavescher Schoul sollen awer och déi franséisch an däitsch Struktur an eist Konzept integréiert ginn.

De Jesper Larsson war Goalkeeper aus der Bundesliga an och Nationalspiller, an ass elo directeur technique vu Kristianstad. De Robert Andersson, ob der Foto lenks nieft dem Maik Handschke, huet och fir Schweden gespillt a war och laang an der Bundesliga täteg a war nach virun kuerzem Trainer beim HC Erlangen. Hien huet de Kontakt opgebaut mat sengem Heemechtsclub Ystad.