Männer Nationalekipp um Wee fir op Skopje (MKD)

  11.10.2022

De Muere fréi ass eis Männer Nationalekipp vum Findel aus an hir Aventure EHF EURO 2024 Qualifiers Phase 2 gestart. No engem Zwëschestopp zu Wien wärten sie géint 11:50 Auer zu Skopje landen.

Do wärt den Owend da nach eng éischt Traininsseance um Programm stoen.

Mir wënschen eiser Ekipp bonne chance fir de Match, dee muer den Owend um 19:00 Auer live op HandballTV iwwerdroe gëtt. Dë Livestream empfänkt dir entweder op der Telé op apart TV am Reseau vun Eltrona, vun der Post (Kanal 82) an och by Orange TV, oder op dem PC oder dem Smartphone op www.flh-live.lu (Handball TV by AXA), op www.livestream.lu an op www.apart-tv.com.