Männer Nationalekipp : Qualifikatiouns Turnéier WC 2023 Europe Phase 1
  30.12.2021


Eis Männer Nationalekipp spillt an der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2023 (Euro Phase 1) en Turnéier op de Färöer Inselen vum 14. bis 16. Januar 2022. Si treffen do ausser op d’Färöer Inselen, op Lettland an Italien. De Programm ass folgenden :

  • Freideg 14. Januar 20:30 Auer : Färöer Inselen - Lëtzebuerg

  • Samschdeg 15. Januar 18:00 Auer : Lëtzebuerg  - Lettland

  • Sonndeg 16. Januar 16:30 Auer : Lëtzebuerg - Italien

All d'Matcher gi mat Lëtzebuerger Kommentar op HandballTV an op apartTV live iwwerdroen.