Lëtzebuerg U18 op der drëtter Platz am Grupp A
  17.08.2018


Nodeems nom éischten Dag de Bus gebrannt huet, dee mat eiser Equipe ënnerwee war, war et eng Gripp déi zwee vun eise Spiller déi Deeg duerno un d'Bett gefesselt huet. Eis rout Léiwen hunn hiert Talent awer opblëtze gelooss a konnten 3 verdéngte Victoiren an engem net einfache Grupp festegen. Besonnesch awer d'Nidderlag géint d'Schwäiz mat 25-26 huet wéi gedoen. Elo gëllt et dat Bescht draus ze maachen an d'Platze 5-8 an Ugrëff ze huelen. Muer geet et dobäi géint Finnland um 13h00 eiser Zäit. Am aanere Match trëfft Georgien op d'Färöer Inselen. Mir drécke weiderhin d'Daume fir eis Equipe! Stay tuned! www.2018tbilisi.com #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLeiwhuelse