Lëtzebuerg op der 7. Platz um U20 EHF Championship zu Varna

  25.07.2022

Nodeem eis rout Léiwen am Grupp A mat enger Victoire géint Groussbritannien déi drëtt Platz erreecht hat, ass et ëm d'Platze 5-8 gaangen.

E Samschdeg huet eis Ekipp mat 23-27 géint Nordmazedonien verluer, dëst nodeems si an der Paus scho mat 9-15 zrécklouchen. E Sonndeg ass et dunn am Match géint Groussbritannien ëm déi 7. an 8 Platz gaangen. Hei huet sech e Sonndeg eis Ekipp mat 29-26 duerchgesat an erreecht déi gutt 7. Platz vun 10 Ekippen. Haut de Mëtteg kommen eis Spiller erëm zeréck op Lëtzebuerg.

#handballassméi #roudeLéiwhuelse


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)