Haut zu Wien : Tirage vum EHF Cup souwuel bei de Fraen a bei de Männer
Haut war um Siège vun der EHF zu Wien den Tirage vum EHF Cup souwuel bei de Fraen a bei de Männer.
Bei de Fraen spillt den HB Diddeleng géint déi Éisträischesch Ekipp vun WAT Atzgersdorf. Den Handball Käerjeng spillt géint d'Portugisesch Ekipp vun Alavarium Love Tiles.
Den éischte Match vun dësem Tour (Round 2) si geplangt um Weekend vum 8/9 Oktober, den zweete Match ass dann eng Woch méi spéit (15/16 Oktober)
Am éischten Tour bei de Männer kritt den HC Bierchem et mat den Hollänner vun Drenth Groep Hurry-up ze dinn. Den HB Diddeleng huet als Géigner déi Türkesch Ekipp vun Spor Toto SK zougeloust kritt.
Hei ass den éischte Match fir de Weekend vum 10/11 September virgesinn. D'Retourmatcher sinn dann eng Woch méi spéit um Weekend vum 17/18 September.