Groussen Interessi beim Loterie Nationale Final4 op Handball TV
D’Lëtzebuerger Handballfederatioun seet Merci bei iwwer 15.000 Zuschauer wärend de leschten 2 Weekender wou et bei de Frae wéi bei de Männer um Loterie Nationale Final4 ëm de Coupegewënner gaangen ass.
Bei de Fraen hate mir Samschdes a Sonndes zesumme knapp 3000 Zuschauer, a bei den Häre waren et der bei den Hallef-Finalle bal 6000. D’Finall ass rekordverdächteg vun iwwer 7500 Léit doheem op der Televisioun, dem Handy oder um Computer gekuckt ginn. Dës Zuelen si mat Hëllef vu BCE an eisem Partner apart TV ermëttelt ginn.
Mir soe Merci fir dee grousse Succès !
#handballassméi