GIRLS’ CUP beim CHEV Handball Diekirch 28. a 29. Mee
  16.05.2023


Päischtsonndeg 28. Mee, a Päischtméindeg 29. Mee 2023 ass den 19. Girls‘ Cup an der Dikrecher Sportshal fir U17 Meedercher.

 

Um Päischtsonndeg stinn d’Qualifikatiouns-Matcher um Programm, wou d’Equippen an 2 Gruppen agedeelt sinn.

 

An der Grupp A trieden un : HSC Schweich (D), HV Reehorst (NL), Paris Saint-Germain HB (F), ACS Olympic RFH (ROU) a CHEV Dikrech.

An der Grupp B trieden un : Cadre FLH (L), DSOV Vijfhuizen (NL), Handball Amplepuis (F), TS Rodalben (D) an MTV Rheinwacht Dinslaken (D).

 

Um Päischtméindeg gi Moies d’Halleffinalle gespillt, am Nomëtteg stinn d’Plazéierungsmatcher um Programm.

 

Weider Informatiounen zum Girls‘ Cup sinn ze fannen op folgende Reseau’en :

Facebook : www.facebook.com/girlscupdiekirch