Generalversammlung vun der FLH am Hall O zu Uewerkuer
  27.06.2020


Haut Samschdeg 27. Juni 2020 war déi uerdentlech Generalversammlung vun der FLH a Präsens vum Laurent Deville als Representant vum Sportsministère. Nieft deenen übleche Rapporte stoung och d'Neiwal vum CA fir déi nächste 4 Joer um Programm. Hei sinn den Dr. Romain Schockmel (President), Josée Keiffer-Stecker an Thierry Wagner (Vizepresidenten), René Krack (Tresorier), Sascha André, Adrien Deischter, Yannick Glod, Fabienne Goetzinger, Sandra Kaysen-Flenghi, Birgit Lehner, Christine Petit, Tess Pulli, Patrick Simonelli, Martial Veidig (Memberen) eestëmmeg gewielt ginn.

Well déi 2 Champion an der AXA-League wéinst der Covid19 Pandemie net konnten an hire respektiven Hale geéiert ginn, kruten den HB Käerjeng bei den Dammen, an den Handball Esch bei den Hären, hir Trophäeen op der AG iwwerreecht. Ze notéieren nach dass de Chev Dikrech bei den Dammen, an d'Red Boys, jeeweils eng Enveloppe fir de Fair-Play Präis kritt hunn.

Mat engem Patt offréiert vun der Gemeng Déifferdeng goung de Kongress op en Enn.

Méi Fotoe fannt dir an eiser Fotosgalerie. Klickt hei !