FLH 🇱🇺 U15 Selektioun wënnt Inter-Regio Turnéier an der Belsch 🇧🇪

  13.11.2024

Bei engem "Interclubs Regional" Turnéier vun der Belscher Federatioun zu Silly, kënnt eis U15 Selektioun op déi éischte Plaz (ënner 6 Ekippen).

 

An der Gruppephas gewënnt eis Ekipp mat 27-24 géint Léck, a mat 15-14 géint Limburg. An der Finall gouft et dunn eng Victoire mat 20-11 géint Oost/West Vlaanderen. Bravo.

 

Mir soen der Belscher Federatioun Merci, dass si eis op dësen Turnéier invitéiert haten, en Turnéier, déi déi beschte belsch Ekippen an dëser Alterskategorie zesumme bréngt.

 

#handballassméi


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng – HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)