Final4 Loterie Nationale Coupe de Luxembourg : Final Hären
  02.03.2019


An der Finall bei den Hären setzt sech den Handball Esch mat 33 - 24 géint den HB Diddeleng duerch. An der Paus louch Esch schonns mat 16 - 10 vir.

Ënnert der Leedung vun de Schiidsriichter Janics / Niederprüm war d'Victoire vum HB Esch zu kengem Moment a Gefoor. Iwwer 12 - 7 an der 21. Minutt, 16 - 10 an der Paus huet Esch hire Virsprong bestänneg ausgebaut. No 48. Minutt war et en Avantage vun 10 Goaler.

Beschte Buteur bei den Escher war den Moritz BARKOW mat 6 Goaler, bei Diddeleng war dat den Josip ILIC mat 7 Goaler. Méi Detailer fannt dir op www.flh-live.lu