Eisen U15 Nationalkader am Stage zu Dormagen (D)

  14.02.2022

Vum 13. bis de 16. Februar sinn eis rout Léiwen aus dem U15 Jongekader op engem Stage an Däitschland zu Dormagen. An engem Frëndschaftsmatch treffe sie haut den Owend um 20h00 op hier Alterskolleege vu Bayer Dormagen. Dëst ass sécher keen einfache Match, well Dormagen ass ongeschloen un der Spëtzt vun hirer Liga.

En Erëmgesi gëtt et och mat de Lëtzebuerger Spiller Luke Kaysen a Fanou Ullmerich, déi allebéid zu Dormagen an der Handballakademie sinn.

#handballassméi #letsmakeithappen #roudeLéiwhuelse