Eis international Arbitterkoppel Linster/Rauchs huet déi kleng Finall beim U20 Championship zu Varna (BUL) gepaff
  25.07.2022


Genau wéi eis U20 Härennationalekipp, waren och eis international Arbitter Alain Rauchs a Philippe Linster zu Varna (Bulgarien) d'lescht Woch am Asaz. 

Mat gudde Leeschtungen si Sie mam Match ëm d'drëtt a véiert Plaz belount gi, wou Griicheland op d'Schwäiz getraff ass. D'Schwäiz war de Gewënner a gëtt domat den Drëtten zu Varna. D’Turnéier ass vun Israel an der Finall géint Rumänien gewonne ginn, wou Arbitteren aus Polen gepaff hunn.

 


Zugehörige Dateien