Eis Dammennationalekipp um "Basque Country International Women´s Cup Handball zu Bilbao (Spuenien)
  25.11.2021


Eis Nationalequipe ass gëschter Moien iwwer Frankfurt op Bilbao geflunn. Leider konnten déi 5 Spillerinne vum HB Diddeleng d'Rees net matmaachen, well eent vun hiren Teamkolleeginne beim Retour aus Serbien (EHF European Cup) positiv op de Covid19 getest gouf. Aus Sécherheetsgrënn konnten si d'Rees net matmaachen.

De Rescht vum Kader an de Staf si gutt zu Bilbao ukomm, a spillen haut um 17:45 Auer (Lëtzebuerger Zäit) de Match géint d'Nationalequipe vu Brasilien (déi d'Weltmeeschterschaft a Spuenien virbereet). De Match gëtt op YouTube iwwerdroen https://youtu.be/nUauTY7xB0g

Déi aner Matcher sinn dann :
Freideg um 17.45 Auer : Lëtzebuerg - Finnland
Samschdeg um 17.45 Auer : Lëtzebuerg - Basauri (Lokalequipe)

Folgend Spillerinnen sinn a Spuenien derbäi :
Rijalda CILOVIC (Red Boys), Laure FLENER (HB Käerjeng), Kim FRAUENBERG (HSG Freiburg), Ines GOMES (Red Boys), Michelle JUNG (FC Köln), Mirela KOZAR (Red Boys), Lily MELCHIOR (HB Käerjeng), Laura MELCHIOR (HB Käerjeng), Semina RADONCIC (HB Käerjeng), Tania SOBERANO (Red Boys), Tina WELTER (HB Käerjeng)