EHF Challenge Cup : Red Boys - TJ Nove Véseli (CZE)
  22.11.2019


Muer Samschdeg den 23. November spillt d'Red Boys de Retour Match an der 3. Ronn vum Challenge Cup zu Uewerkuer an der Sportshal. Ufank ass um 20:00 Auer.

De Géigner aus Tschechien, deen aktuell mat Dukla a Pilsen ëm de Championstitel spillt, gleeft nach un e Weiderkommen. Net manner wéi 40 Fans maachen d'Rees op Déifferdeng.

Duerfir brauch d'Equippe vun der Red Boys och d'Ënnerstëtzung vun all hire Supporteren.