E grousse Merci
  24.03.2021


Mir soen nodréiglech dem Mireille Léonardy an dem Josée Keiffer e grousse MERCI fir hir Aarbecht wärend der WM Quali vun eisen Dammen de leschte Weekend. Si hunn do wärend insgesamt 12 Stonnen iwwer 130 Schnelltester ausgefouert. Ronn 90 % vun de Léit, déi an der Coque waren, op vun der Presse oder der Organisatioun, sinn all Dag getest ginn. Doduerch konnte mir de Spillerinnen eng gréisstméiglech Sécherheet bidden.

Mat de Spillerinnen an Offiziellen, déi all Dag getest gi sinn, huet d’FLH an deenen Deeg insgesamt iwwer 400 Schnelltester an iwwer 60 PCR Tester organiséiert. Keen Test war positiv !

Ouni d’Mireille an d’Josée wär dat schwéier méiglech gewiescht.

#handballassméi