E gelongene Start an déi néi Saison fir eis EHF-Arbitter Rauchs/Linster a Georgien
  21.08.2018


Niewent eiser U18 Nationalequipe, war och eis international Koppel Linster/Rauchs a Georgien am Asaz. Insgesamt 5 Arbitterkoppele ware präsent, dorënner Koppelen aus Norwegen, Polen, Ukrain an aus Holland/Belsch. Wärend 1,5 Woch hunn déi 5 Arbitterkoppelen, ënnert der Opsiicht vum Oyvind Togstad aus Norwegen, dee selwer nach 2016 am Final 4 vun der Champions League als Arbitter am Asaz war, d’Turnéier geleet. Zum Ofschloss ass d’Finall tëschent Italien an Wäissrussland vun der gudder Koppel aus Norwege geleet gi woubäi Italien, mam Ex-Käerjenger Trainer Ricardo Trillini, sech verdéngt duerch setze konnt. Eis Lëtzebuerger Koppel Rauchs/Linster hat och e gudden Ofschloss an huet de Match em Plaz 3 tëschent der Schwäiz a Mazedonien, mam Ex-Red Boys Coach Danilo Brestovac, geleet, wou d‘Schwäiz knapp mee verdéngt gewonnen huet. #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLeiwhuelse