D'rout Léiwe vun eiser U18 Jongenequipe ware gëschter an engem Frëndschaftsmatch géint d’Junglöwen vun de Rhein Neckar Löwen an Däitschland am Asatz
  06.12.2019


 

Et war iwwer 60 Minutten e ganz serréierte Match, wou eis Jonge kierperlech ënnerleeë waren. Dem Maik Handschke seng Equipe huet mat vill Disziplin a Kampfgeescht dogéint gehalen a sech duerchgebass. De Match konnt um Enn mat 23:24 gewonne ginn. Méi wichteg war awer, dass eis Jongen sech mat engem gudde Géigner moosse konnten an dofir geet e besonnesche Merci un d‘Akademie vun de Junglöwen, déi eis en häerzlechen Empfang gebueden hunn. #handballassméi #AXA-League