D'Lëtzebuerger Handballfederatioun hat leschte Méindeg héije Besuch.
  02.10.2020


De Präsident, Michael Wiederer vun der europäescher Handballfederatioun an och den Generalsekretär, Martin Hausleitner, vun der EHF, waren zu Lëtzebuerg fir iwwert de nächsten EHF Kongress ze diskutéieren. Dësen ass am Abrëll 2021 zu Lëtzebuerg. Mee och aner Dossiere goufen ugeschwat a natierlech war och de Covid19 e Punkt deen, leider, ëmmer nees opgetaucht ass.

D'EHF huet der FLH alles Guddes gewënscht fir des schwéier an aussergewéinlech Saison, an hofft, dass eis 75 Joer Feier ënnert engem bessere Stär steet.