D'Häre vum Handball Esch an d'Damme vum HB Diddeleng qualifizéiere sech fir déi nächste Ronn am EHF European Cup
  18.10.2021


D'Damme vum HBD wanne Samschdes am Aller-Match mat 27 - 18 géint WHC Metalurg aus Nord-Mazedonien, verléieren awer e Sonndeg de Retour-Match mat 19 - 22, a sinn duerch déi besser Goaldifferenz awer fir de nächsten Tour qualifizéiert.
 

D'Häre vum Handball Esch konnten sech esou wuel e Samschdeg (38 - 31), wéi och e Sonndeg (37 - 32) géint Odesa aus der Ukrain duerchsetzen, an sech och fir déi nächste Ronn qualifizéieren.


D'Häre vum HC Bierchem hunn am Aller Match zu Belgrad géint RK Partizan mat 33 - 22 verluer. De Retour-Match ass nächste Samschdeg um 18:30 Auer zu Crauthem an der Sportshal.


D'Häre vum HB Käerjeng spillen hir 2 Matcher d'nächste Weekend a Rumänien géint CSM Focsani 2007